Rebound-Action-Days (3 Deeg): Kuerzfilm-Dréi am Jugendhaus, Europapark an Rulantica

Date
02/11/2022
Horaire
À partir de 14:00
Lieu
Jugendhaus
Langues
DE, EN, FR, LU
Prix
75 €
Pour qui ?
jeunes 12-26 ans
Contact pour l'activité
Zumera Jusufovic
Éducatrice Jugendhaus Clierf & Helzen

Description

D´läscht Joer am Hierscht, hunn verschidden Jonker un den "Kick Off-Days" am Kader vum Projet "Rebound" deelgeholl, wou d'Sensibilisatioun an Präventioun vum Konsum vun verschidden Substanzen, wéi Alkohol, Cannabis, Tubak, Energydrink an Medien am Virdergrond stoungen. Déi Jonk hunn verschidden Risiko-Typpen, déi am Zesummenhang mam Konsum vun den Substanzen stinn, kennegeléiert an wëllen an engem weidere Schrëtt, Gläichaltrëg unhand vun engem Kuerzfilm op dës Risiko-Typpen sensibiliséieren. Dofir hunn si sech fir den Dréi een Erliefnespark ausgewielt, wou een och op eng Aart a Wéis Risiken ausgesat gëtt. Den éischten Dag (02/11), gëtt am Jugendhaus den Ufank vum Film gedréint, dann maachen mir äis den (03/11) op den Wee fir zwee Deeg an den Europapark, wou am Park selwer an am Rulantica bësschen gedréint gëtt. Dann geet et och rëm den 04/11 Heem... Am Participatiounspräis, sinn den Transport, d'Entréesticketen fir déi zwee Park's an d'Iessen abegraff. Als Verstäerkung zielen d'Participanten op weider motivéiert Jonker, déi si bei der Ëmsetzung ënnerstëtzen an een Deel vum Projet ginn. Mell dech bis den 20. Oktober un! Mir zielen op dech! :)

Autres activités