Animateur Brevet A
Firwat dës Formatioun maachen?
Wärend 2 Weekender preparéiere mir dech op d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun engem Animateur a ginn dir e gutt gefëllte Rucksak mat, mat deem s du flott Aktivitéiten a Projete fir a mat Kanner ëmsetze kanns.
En uschléissende Stage vun 20h, deen een an enger Maison Relais oder engem Jugendhaus maache kann, erméiglecht dir dat neit Wëssen, déi nei Techniken sou wéi d’Methode mat Kanner a Jugendlecher auszeprobéieren. Hei méchs du wäertvoll Erfarungen a punkto Kannerbetreiung a mierks, wat gutt funktionéiert an u wéi enge Methoden an Aktivitéiten s du nach feile muss.
Zilgrupp
D’Formatioun fir den Animateur Brevet A riicht sech un all Jonken, deen oder dat zum Zäitpunkt vun der Formatioun 15 Joer huet. Un de Brevet A uschléissend kann een d’Formatioun fir den Animateur Brevet B maachen.
Oflaf
Déi éischt zwee Deeler vun der Formatioun bestinn aus jeeweils engem Basisweekend. Béid Weekender beinhalten eng Iwwernuechtung, Iessen a Gedrénks an enger Jugendherberg an erfuerderen 100% Präsenz an aktiivt Matschaffe vum Jonken. Dofir bidde mir dir eng interaktiv a spannend Formatioun, mat villen Aktivitéiten a Workshops baussen an der
Natur, eng gutt Stëmmung an Teamgeescht!
Natur, eng gutt Stëmmung an Teamgeescht!
Den drëtten Deel besteet aus engem Stage vun 20 Stonnen an enger Maison Relais oder engem Jugendhaus.
Formateuren & Formatricen
D’Equipe vun dynameschen Formateuren besteet aus ausgebiltem
Personal, déi alleguer am elisabeth – Kanner- a Jugendberäich schaffen.
Si weisen eng jorelaang Erfarung an der Kannerbetreiung op, déi et
hinnen erméiglecht dir dat néidegt Wëssen an Know-how op eng kompetent
Aart a Weis ze vermëttelen.
Personal, déi alleguer am elisabeth – Kanner- a Jugendberäich schaffen.
Si weisen eng jorelaang Erfarung an der Kannerbetreiung op, déi et
hinnen erméiglecht dir dat néidegt Wëssen an Know-how op eng kompetent
Aart a Weis ze vermëttelen.
Wat brauch s du fir d’Basisweekender?
- Dem Wieder ugepasste Kleedung
- Eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
- Fest an zoue Schong
- Eng Waasserfläsch
- Deng Carte d’Identité
- Deng Kaart vun der Caisse de Maladie
- An virun allem vill Loscht an eng gutt Laun
Stageplazen
- Jugendhaus Mutfert
- Jugendtreff Norden zu Ëlwen, Clierf, Helzen, Housen a Wäisswampech
- Maison Relais A Schmatts zu Ëlwen
- Maison Relais Bettenduerf
- Maison Relais Bous
- Maison Relais Conter
- Maison Relais Duelem
- Maison Relais Fréiseng
- Maison Relais Munneref
- Maison Relais Noumer
- Maison Relais Rousennascht zu Schieren
- Maison Relais Schoulkauz zu Wëlwerwooltz
- Maison Relais un der Atert zu Biissen
- Maison Relais Kuarregärtchen zu Wäisswampech






Précédent
Suivant