Jugendhaus Duelem – Zukunft-Camp

Mäin Haus. Méng Iddi.

Détails du camp

Date
01/09/2026 - 05/09/2026
Lieu
Jugendhaus Duelem
Langues
DE, EN, FR, LU
Prix
75 €
Pour qui ?
11-26ans
Date limite d'inscription
06/09/2026
Places disponibles
12
Contact pour la colonie
Sarah Weber
Chargée de direction

Description

Coole Summer, deng Kolleegen & deng Iddien! Am Summer-Camp erwaarden dech Spiller, Filmowender, leckere Brunch, cool Aktivitéiten a vill Zäit mat denge Friends. Dobäi kanns du ganz easy mat anere Jugendlechen deng Iddien deelen a matbestëmmen, wat an Zukunft am Jugendhaus ugebuede gëtt. Wéi eng Aktivitéiten, Ausflich oder Projeten däerfen op kee Fall feelen? Hues du Loscht op spannend Erliefnisser, cool Trips oder esouguer eng Rees an d’Ausland? A wéi soll d’Jugendhaus denger Meenung no an Zukunft ausgesi? Deng Iddien si wäertvoll. Deng Meenung zielt! Also waart net ze laang a mell dech elo fir de Summer-Camp un. P.S: Du kanns déi ganz Woch do sinn oder just vereenzelt Deeg. D’Team aus dem Jugendhaus freet sech op dech!

Autres camps & colonies