Den Outdoor Camp ass e Camp fir Jonker zu Uespelt an der Gemeng Fréiseng. Wéi de Numm et scho seet, fënnt alles dobausse statt – mir verbréngen 2 Iwwernuechtungen an der Natur! Op eisem Programm sti flott Aktivitéiten wéi Barbecue, Kachaktivitéiten, Lagerfeier, sportlech a kreativ Atelieren, Nuetsrallye an nach vill méi gemeinsame Spaass mat der Grupp. Du bass tëscht 12 a 17 Joer all, hues Loscht am Summer eng cool Zäit mat Frënn oder engem Grupp ze verbréngen? Da mell dech un fir den Outdoor Camp a sécher dir deng Plaz!