Maach eng Ausbildung zum Animateur Brevet B an begeleed duerno Vakanzenkolonien, Campen an sammel eemoleg Erfarungen. Déi ganz Woch ass MAT OBLIGATORËSCHER IWWERNUESCHTUNG um Site.
Plusvalue vun desem Brevet : Dagesaktivitéiten, Campen a Kolonien fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun Elisabeth Jeunesse sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen.
Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Animateur Brevet B“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei Elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen ganz flexibel deelhuelen.
D’Formatioun beinhalt een « Theoreteschen » Deel (75St.) » an ee « Prakteschen » Deel a Form vun engem Stage/Colonie mat Virbereedungszäite. (75St.).