PRIORITÉIT fir Jonker tëschent 15 a 26 Joer aus der GEMENG ESCH-SAUER an Emgéigend.
Du wëlls gäre Babysitter:in ginn? Dës Formatioun hëlleft dir däin Dram ze verwierklëchen! Maach mat bei dëser Formatioun fir een/eng certifiéiert:en Babysitter:in ze ginn an eng flott a sécher Garde vu Kanner kënnen ze garantéieren. Mam Certificat kanns du dech op der Internetsäit Babysitting.lu aschreiwen an déng éischt Erfarungen am babysitte maachen.
Dës Formatioun ass organiséiert vun der Sport- a Jugendkommissioun Esch-Sauer an Elisabeth Jeunesse.
Dauer: 8:45 – 17:45 Auer
Sprooch: Lëtzebuergesch