Animateur Brevet B
Firwat dës Formatioun maachen?
Wärend 1 Woch preparéiere mir dech op d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun engem Animateur a ginn dir e gutt gefëllte Rucksak mat, mat deems du flott Aktivitéiten a Projetea Kolonien ëmsetzen kanns.
En uschléissende Stage vun 75 Stonnen ass néideg fir de Brevet B ofzeschléissen. De Stage ass a Form vun enger Kolonie (am In- oder Ausland) mat Kanner oder Jonken. Zesummen mam Jugendhaus an aneren Animateuren organiséiers du den Oflaf vun der Kolonie, sou dass du dat neit Wëssen, déi nei Techniken sou wéi d’Methode mat Kanner a Jugendlecher auszeprobéieren kanns. Hei méchs du wäertvoll Erfarungen a mierks, wat gutt funktionéiert an u wéi enge Methoden an Aktivitéitens du nach feile muss. Wann deng Formatiounen erfollegräich ofgeschloss ass, bass du am Team Animateur vun elisbeth Jeunesse a kanns wéider Kolonien, Campen oder soss Angeboter mat organiséieren an duerchféieren.
Zilgrupp
Oflaf
Formateuren & Formatricen
Personal, déi alleguer am elisabeth – Kanner- a Jugendberäich schaffen.
Si weisen eng jorelaang Erfarung an der Kanner- a Jugendbetreiung op, déi et
hinnen erméiglecht dir dat néidegt Wëssen an Know-how op eng kompetent
Aart a Weis ze vermëttelen.
Wat brauchs du fir d’Formatioun?
- Dem Wieder ugepasste Kleedung
- Eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
- Fest an zoue Schong
- Eng Waasserfläsch
- Deng Carte d’Identité
- Deng Kaart vun der Caisse de Maladie
- An virun allem vill Loscht an eng gutt Laun
Stageplazen





