Rebound 2026

REBOUND – Däi Projet. Deng Zukunft. Deng Entscheedungen.

Du hues Loscht, dech selwer besser kennenzeléieren, nei Leit kennenzeléieren an iwwer Themen ze schwätzen, déi am Alldag wierklech eng Roll spillen?

Rebound ass en interaktive Projet fir Jonker, bei deem et net ëm laang Virträg oder Moralpredigte geet. Zesumme schwätze mir oppen an éierlech iwwer Themen ewéi Alkohol, Cannabis, Tubak/Vapes, Medien, Sexualitéit, Gruppendrock, Emotiounen an deng Zukunft.

Duerch Aktivitéiten, Diskussiounen, Challenges an Austausch kanns du deng eege Meenung entwéckelen, deng Grenze besser kenneléieren an erausfannen, wat fir dech wichteg ass.

Bei Rebound geet et ëm dech:

  • deng Stäerkten entdecken
  • deng Grenzen erkennen
  • besser mat Drock a schwierege Situatiounen ëmgoen
  • bewosst Entscheedungen treffen
  • nei Leit an engem relaxen Ëmfeld kenneléieren
  • zesumme Spaass hunn an nei Erfarunge maachen

Du muss näischt „richteg“ maachen an du muss och keng bestëmmten Erfarunge matbréngen. All Meenung huet Plaz an de Respekt ënnerteneen steet am Mëttelpunkt.

Interesséiert?

Da mell dech un a maach mat bei Rebound.

Fir Jonker bis 25 Joer.

D’Plaze si limitéiert – also mell dech rechtzäiteg un!

👉 Elo umellen

Date
13/11/2026 - 15/11/2026
Horaire
De 18:00 à 17:00
Lieu
Centre Ecologique Hosingen
Langues
DE, EN, FR, LU
Prix
25 €
Pour qui ?
13 - 25 Jöer
Date limite d'inscription
10/11/2026
Places disponibles
16
Contact pour la formation
Andy Molitor
Éducateur Jugendhaus Ëlwen

Autres formations

  • Babysitter

  • Babysitter

  • Animateur Brevet B

  • Babysitter