Du brauchs nach Chrëschtkaddoen oder wëll dech verwinnen? Ma dann ass dëst genee dat Richtegt! D'Jugendhaus fiert mat iech op e Chrëschtmaart an dir däerft decidéiere wouhinner (Tréier, Saarbrécken, Metz, ...) Sot eis w.e.g. bis spéitstens den 9.12. wouhinner der wëllt fueren, fir datt mir eis organiséiere kënnen. Dir braucht eng Autorisation Parentale vun der Gemeng (wann der nach mannerjäreg sidd), Identitéitskaart an Täschegeld fir dës Aktivitéit.