Jugendtreff Fréiseng – Europa-Park

Date
Jeudi 10 septembre 2026
Horaire
De 05:45 à 22:00
Lieu
Rust (Däitschland)
Langues
DE, EN, FR, LU
Prix
50 €
Pour qui ?
12-26 Joer
Contact pour l'activité
Martha Almeida
Educatrice Graduée

Description

Komm mat eis an den Europa Park! Mir treffen eis Donneschdes, den 10. September 2026, um 05:45 Auer um P&R Bouillon (Lëtzebuerg). Den Depart ass um 06:00 Auer, de Retour ass géint +/- 22:00 Auer virgesinn. De Präis fir den Ausfluch läit bis de 15. Juni bei 50€ (Entrée an Transport inklusiv). No deem Datum kascht d’Participatioun 60€. Wat muss du matbréngen: Carte d’Identité & Krankekeesskaart, Ausgefëllten Umeldungsziedel inklusiv Zoustëmmung fir Fotoen, Autorisation parentale vun der Gemeng, Wieder ugepasste Kleeder, Sonnecrème a Wiesselkleeder (besonnesch fir no der Waasserachterbunn ). Iessen a Gedrénks: jidderee suergt selwer dofir (Waasserfläsch, Picknick an/oder Täschegeld net vergiessen). Wichteg: Den Umeldungsziedel an d’Autorisation parentale mussen ofginn an d’Bezuelung gemaach sinn – eréischt dann ass d’Umeldung definitiv confirméiert.

Autres activités