Jugendhaus Mutfert – Karting 200 ccm3 Kart’s vun 11 bis 14 joer

vun 11 bis 14 Joer – de 11 à 14 ans

Date
Mercredi 29 juillet 2026
Horaire
De 13:00 à 17:30
Lieu
Mondercange
Langues
DE, EN, FR, LU
Prix
20 €
Pour qui ?
11-14
Contact pour l'activité
Claude Poorters
Chargé de direction Jugendhaus Mutfert

Description

Mir ginn Karting fueren - ee Rendez-vous deen net ze verpassen ass! OPGEPASST: • All Fuerer muss eng laang Box , ee Shirt mat laangen Äerm, a platt sou wéi zouen Schung udoen. • Dir braucht eng Verzichtserklärung, déi dir vun ären Elteren musst ennerschriwen kréien, an den Dag och muss dobai hu. Déi kennt dir am Jugendhaus ufroen, an ech schecken iech se per Mail/Whats App Mir treffen eis um 13.00 Auer am Jugendhaus a fueren mam Minibus ob Monnerech. Mir fueren do 1/2 Stonn mat de Kart's a mussen och 1/2 Stonn virun der Zäit do si, fir d'Aschreiwen a soss administrativ Sachen. Dofir wegl pünkltech do sin. Faszinatioun Motorsport selwer erliewen ob der Karting Pist zu Monnerech. Et geet drëms den Kart an d' Pist kennen ze léieren, déi richteg a schnell Trajectoire ze fannen, fir vun Tour zu Tour mei séier ze gi, ouni awer d'Grenzen vun der Physik ze iwerschreiden oder Stock Car ze fueren. Mir racen, maachen awer keng Course!!! Jiddereen fiert sou wéi e kann.

Autres activités